Landjugend a jongbaueren


D'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren asbl. ass fir vill Jugendlecher mat Interessi am Beräich Landwirtschaft ee wichtegen Uspriechpartner. D’Landjugend bitt eng ganz Rëtsch flott Aktivitéiten un a Jonker déi wëllen an der Landwirtschaft Fouss faassen, kréie wichteg Ënnerstëtzung gebueden. Mee och d'Informéieren ass der Landjugend a Jongbaueren asbl. ee wichtegt Thema, sou sinn si fir de Projet "Fro de Bauer" zoustänneg, deen iwwert d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg informéiert. Dëst mat Hëllef vun engem flotten Internetsite a Workshops an de Schoulen. Een anere ganz wichtege Projet ass d'ekologesch Landwirtschaftsberodung, bei där d'LJJ zesumme mam Oekozenter säit iwwer 30 Joer Baueren dobäi ënnerstëtzt eng nohalteg Landwirtschaft ze bedreiwen.
