KULTUR
Kultur ass ee wichtegt Element vir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft. Déi kulturell Offer erweidert den Horizont a bitt doriwwer eraus och d’Méiglechkeet fir sech kritesch mat eiser Gesellschaft auserneen ze sëtzen. Dofir stelle mir dir cool Plaze vir déi Raum bidde fir jonk Kënschtler aus Lëtzebuerg, a Veranstaltungen, wou sech esou weit wéi méiglech och Jonker kënne bei der Organisatioun bedeelegen.
Ee wichtege Punkt ass fir eis weiderhin Events ze weisen, déi sech mam Thema Ekologie ausernee setzen, an als Green Event zertifiéiert sinn, respektiv sech engagéiere fir ee Green Event ze ginn.
Oekobib Library
Op Nohaltegkeets-Theme spezialiséiert Bibliothéik
CITIM Library
Op Literatur aus an iwwert de globale Süde spezialiséiert Bibliothéik
CID Library
Op Gender-Theme spezialiséiert Bibliothéik
Rotondes
Kulturellen Hotspot bei der Gare
Am Gronn
Kreative Co-Working Space mat Bistro
Cinémathèque
Wichtegst Platz fir all Cineast zu Lëtzebuerg





