radio ara

Artikel vun

Move

krittäre

Community-building

ImageImage

De Radio Ara ass den eenzege Community Radio a Lëtzebuerg a bitt een ofwiesslungsräichen an originelle Programm. Einfach erkläert ass en Community Radio en Projet, deen diverse Bierger, Gruppen a Veräiner mat abezitt ( wéi zB de move. mam Podcast „Um Comptoir“) a Sendungen a verschiddene Sproochen ubitt, an esou de Mediepluralismus stäerkt. Ausserdeem gëtt et eng grouss Auswiel vu Museksrichtungen ze entdecken. Jonker hunn och eng Stemm beim Radio mat der Sendung Graffiti, déi ee vu Méindes bis Freides ee 14-17h lauschtere kann. Dofir ass de Radio Ara e wichtegen a wäertvolle Radio, deen een alternativen, oppenen a villfältege Programm den Zuschauer ze bidden huet, wéi en ee soss néirens zu Lëtzebuerg fënnt!

Et trëfft een op mega angenehm Mënschen an d'Radiosendungen a Podcasten si mega!
– mara

MORE ACTIVISM IDEAS

Rotondes

One of the cultural hotspots in Luxembourg