ProVelo

Artikel vun

Move

krittäre

Engagement an Aktivismus fir de Vëlo
ImageImage

De Vëlo ass ee vun de flexibelsten, bëllegsten an nohaltegsten Transportmëttel a bitt domat eng zukunftsorientéiert Alternativ zum Verkéierschaos, der Loftverschmotzung an der Lärmbelästegung.
Eis Organisatioun ProVelo vertrëtt d’Interesse vun de Vëlosfuerer an der Ëffentlechkeet mam Ziel, d’Sécherheet fir d’Vëlosfuerer am Alldagsverkéier ze verbesseren. Aus dësem Grond organiséiere si reegelméisseg Manifestatiounen, gemeinsam Vëlostouren, Diskussiounsronnen, Kinosowenter an aner Events.

Du bass bei hinnen op der richteger Platz wann’s du :

  • Selwer Vëlo fiers an dir reegelméisseg Schwaachstellen am Vëlosréseau opfalen
  • Dech op lokalem Niveau fir besser Vëlosverbindungen an Infrastruktur asetze wëlls
  • Politesch iwwert de Vëlo diskutéieren wëlls
  • Flott Aktioune ronderëm de Vëlo wëlls hëllefe plangen.

En einfachen Uruff oder eng Email geet duer fir mat hinnen an d’Gespréich ze kommen, hinnen eng Reklamatioun zum Vëlofueren a Lëtzebuerg zoukommen ze loossen oder fir dech an enger vun hiren Aarbechtsgruppen anzebréngen.

MORE ACTIVISM IDEAS

Facilitec

Do you want to start a new project? Well Facilitec might be the right place.

Hariko

Bringing together artists and teenagers

move.

Amazing people, amazing projects

ProVelo

Advocating for cycling and cyclists

Radio ARA

The one and only community radio in Luxembourg