move.
Artikel vun
krittäre
young activists fighting for a more sustainable world
move. ass ee Jugendgrupp deen sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asetzt. D'Zil ass datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Themeberäicher vu move. sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen: Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi bei move. behandelt ginn. Wat move. ausmëscht ass ee flotte Grupp, wou jiddereen d'Méiglechkeet huet sech anzebréngen, zesumme verschidde Projeten ëmzesetzen a gemeinsam Ziler verfollegen. Dëse Site ass ee vun de verschiddene move.-Projeten a wéist wéi aus enger vager Iddi duerch d'Zesummenaarbecht vu ville Jonken een erfollegräiche Projet ka ginn. Dofir kuck och du eng Kéier Donneschdegowend bei enger move.Versammlung laanscht a bréng den Iddien an oder hëllef Projeten zum Ofschloss ze bréngen. Méi vun move. fënns de op eisem Site, Facebook oder Instagram a lauschter och gär eng Kéier bei eisem Podcast eran deens du op ara.lu/show/um-comptoir/ fënns.
“Et ass jidderengem seng Responsabilitéit sech fir eng besser Welt anzesetzen an dat mëscht och richteg Spass wann een en coolen Grupp huet.”
– Lynn
MORE ACTIVISM IDEAS
Landjugend a Jongbaueren
D'Stëmm vun der jonker Generatioun um Land
move.
Engagéierte Jugendgrupp mat spannende Projete ronderëm d'Thema Nohaltegkeet
Fashion Revolution
FRL sëtz sech fir fair an nohalteg Moud an
Youth for Climate
Jugendbeweegung déi aktiv géint d'Klimakris kämpft
Radio ARA
Den eenzege Community-Radio zu Lëtzebuerg
A 500 Wierder
Wichteg Noriichten a 500 Wierder kuerz gefaast






