Krittären


Wéi mir dëse Projet ugaange sinn, war et fir eis direkt kloer, datt mir, fir all déi Geschäfter, Plazen, Restauranten,Caféen, Organisatiounen a kulturelle Plazen,déi mir welle virstellen Krittäre brauchen.

Mir hunn awer och schnell erausfonnt, datt dat et eis net méiglech ass 100% objektiv Kritäre ze erstellen an ze kontrolléieren.

Dofir ass et eis besonnesch wichteg, transparent an oppen ze erklären, wéi mir décidéieren wéi eng Artikele mir op dësem Site präsentéieren, schliesslech wëlle jo och keen Greenwashing bedréiwen. Am Ufank wollte mir eng richteg Checklescht maachen mat Kritären, wou musse respektéiert ginn. Ma mir hun dat schnell opginn. Ee Beispill: wann an engem Café zwar Biokaffi ugebuede gëtt, awer och aneren Kaffi, geet dat duer? Oder wann et zwar Biocafé gëtt, Biowein awer kee Biobeier, däerf en da net op d’Lescht kommen? A kënne mir dat ëmmer iwwerpréifen?

D’Léisung war déi, datt mir fir all Kategorie Richtlinne festgeluecht hunn, déi eis dobäi hëllefen ze décidéieren op eppes op de Site passt oder éischter net. Dës Richtlinne notzen mir fir an eisen Versammlungen an enger Diskussioun ze entscheeden op eppes op den Site passt oder awer net.

Mir hoffen dass mir esou den Engagement an de Wëllen zur Verbesserung honoréieren, deen esou essentiell ass fir dass mir als Gesellschaft weiderkommen um Wee zu enger méi sozial an ökologesch gerechter Welt.

Image

D’Ernierung ass deen zentralen Thema, wann ee wëll méi maache fir eis Biodiversitéit, de Klimaschutz an den Déiereschutz. Dofir stelle mir Plaze vir, wou sech beméit gëtt, ëmmer méi biologesch Produiten ze notzen oder wéinstens regionaler, déi drop oppassen, datt d’Saisonen respektéiert ginn a Fairtrade Produiten ubidden. Wichteg ass eis awer och Platzen ze weisen déi eng villfälteg vegan oder vegetaresch Auswiel ubidden. Genau esou wichteg wat op den Dësch kënnt, ass awer natierlech och wat dono an der Poubelle lant, dofir ënnerstëtze mir och virbildlech Handlungen an de Beräicher Antigaspi an Zero Waste.

1. Biologesch Produiten
2. Saisonal Produiten
3. Regional  Produiten
4. Fair Trade
5. Vegan od. Vegetaresch
6. Antigaspi
7. Zero Waste

Image

Fashion ass ee wichtegen Deel vun eisem Liewen. Genau wéi beim Iessen ass et och ee Beräich wou een als Jonke relativ einfach ee groussen Impakt kann hunn. Dofir weise mir dir mat dëse Plaze wéis du Kleedung fënns déi engersäits ënner sozial faire Bedingungen an anerersäits ekologesch nohalteg produzéiert gouf. Virun allem awer fënns du hei déi bescht Plaze fir Second-Hand Kleedung zu Lëtzebuerg, déi ökologeschst Fashion-Alternativ. Deel vun dëser Kategorie ass och nohalteg an déieregerecht produzéiert Kosmetik.

1. second-hand
2. Fair produzéiert
3. Regional Produktioun
4. Biologesch oder recycléiert Materialien
5. Net un Déieren getest 



Image

Ouni engagéiert Leit kënnt eis Gesellschaft net virun, dofir sinn Organisatiounen déi sech e.a. an den Beräicher Ekologie a Soziales asetze vun onschätzbarem Wäert. Och vill Jonker wëllen hier fräi Zäit méiglechst gutt notzen, an droen hiren Deel zu enger besserer Welt bäi. Dofir ass et wichteg dass et Organisatioune gëtt déi si abannen, hinnen d’Méiglechkeet ginn néits ze léieren, an eng flott Zäit mat anere Leit a Jonken ze verbréngen.

Dofir fënns du an dëser Kategorie Organisatiounen déi dëse Grondgedanke gerecht ginn a Jonker ënnerstëtzen eng besser Zukunft fir Mënsch an Natur ze schafen.



Image

Kultur ass ee wichtegt Element vir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft. Déi kulturell Offer erweidert den Horizont a bitt doriwwer eraus och d’Méiglechkeet fir sech kritesch mat eiser Gesellschaft auserneen ze sëtzen. Dofir stelle mir dir cool Plaze vir déi Raum bidde fir jonk Kënschtler aus Lëtzebuerg, a Veranstaltungen, wou sech esou weit wéi méiglech och Jonker kënne bei der Organisatioun bedeelegen.

Ee wichtege Punkt ass fir eis weiderhin Events ze weisen, déi sech mam Thema Ekologie ausernee setzen, an als Green Event zertifiéiert sinn, respektiv sech engagéiere fir ee Green Event ze ginn.

Image

Du wëlls de Kapp fräi kréien, dech inspiréieren an Néits entdecken, da fënns du an dëser Kategorie den "Coup de coeur" vun de move. Aktiven. Op Trëppeltour duerch déi schéin Natur, cool Platze fir Sport ze maachen oder awer léiwer relaxe mat super Aussicht, mir wësse wou sech Lëtzebuerg genéisse léisst ouni mussen an d’Täsch ze gräifen.

  • Keng Krittären an dëser Kategorie, mee subjektiv Empfehlungen vun move.-Aktiven.

Op Eenzelpersoun oder Organisatioun, dir hutt Loscht bei engem Update vun ärer Uertschaft/Regioun matzeschaffen, da mellt iech!

Schreift eis!