skatepark péitruss


De Skatepark leit op enger vun de schéinsten an historeschste Platze vun der Stad Lëtzebuerg am Dall vun der Péitruss. De Park ass en Hotspot fir Skater aus der ganzer Groussregioun an huet eng Gesamtfläche vun 3400 m2. Et ginn och vun Zäit zu Zäit och Events organiséiert, fir d'Skater nach besser zesummen ze bréngen. Op der ugewisener Website fënnt en nach vill aner Skateparken, déi ausserhalb vun der Stad leien.
