hariko
Article by
Move
Krittären
Breede Choix fir Jonker


Op s du de Wonsch hues deng artistesch Capacitéiten ze verbesseren oder op s du léiwer een neit Hobby mat neie Bekanntschaften ufänke wëlls, Hariko ass d’Plaz fir dech! E bitt nämlech och d’Opportunitéit fir jonk Artist:innen hiert Kënnen ze entwéckelen, an dat gratis! Verschidde Leit bidden, fir dat ze erméiglechen, gratis Kueren an hirem Experteberäich (Musek, Pinselen, Sangen, Bitzen, Graffiti, Zeechnen, souguer Upcycling) u Jonker un. De Choix ass effektiv ganz breet.
