Yoga am Minett


Yoga am Minett ënnerscheet sech vun engem typesche Yoga Studio an deem Sënn, dass si sech engagéiere jidderengem d'Chance ze gi Yoga ze praktizéieren. D'Asbl huet sech dofir decidéiert eng Réi vun diverse Couren a verschiddene Sproochen unzebidden, déi op verschiddene Platze gehale ginn. Fir et méi accessibel ze maachen, setzen si kee Präis fest fir mee gi jidderengem d'Méiglechkeet sou vill ze bezuele wéi et fir ee finanziell machbar ass.
