escher Theater
Artikel vun
Move
KRITTÄRE


Den am Häerz vun Esch geleeënen Theater bitt ee breede Spektrum un Ënnerhalungsméiglechkeeten fir jonk an al un. En ofwiesslungsräiche Programm riicht sech u Mënschen aus allen Altersgruppen, Sproochen (LU, DE, FR an EN), Kulturen an Interessien un. Dat ganzt Joer iwwer ginn ausserdeem Danz-, Zirkus- a Musikopféierungen gebueden, ewéi och kënschtleresch Ausstellungen. Fir Jonker a Studente gëtt et ee spezielle Joresabonnement mat Tickete fir ënner 5 Euro. Net ze vergiessen de "Kulturpass", mat deem ee fir ënner 1,5 Euro all Opféierung oder Ausstellung besiche kann. Och fir Kanner sinn ëmmer nees speziell Workshops an Opféierunge geplangt.
Dat ganzt Team vum Escher Theater setzt sech fir d'Ënnerstëtzung vu jonken an onbekannte Kënschtler aus Lëtzebuerg an Ëmgéigend an.
