deierenpark

Artikel vun

Move

krittäre

Gratis

ImageImage

Den Escher Déierepark um Gaalgebierg ass nëmmen ee klenge Bierg vum Zentrum ewech. Am Déierepark ginn et 25 Déierenzorten a ronn 150 Déieren, déi ee ka kucke goen. Op Iesel oder Geess, am Escher Déierepark gëtt et och een "Streichelzoo" wou Kanner oder Erwuessener verschiddenen Deiere kennen heemelen. Zu Déierepark gehéieren och zwou Spillplazen, wou Kanner sech kennen austoben. Vun der Escher Gare kennt ee ganz einfach mam Minibus bei de Park. Natierlech kann een och zu Fouss dohinner goen (oder mam Auto). Ee Fun Fact sinn Ëffnungszäite vum Park: de Park ass 24/7 op, also kann een ëmmer dohinner goen. D'Entrée ass fir jidderee Gratis an och Déierefudder fir Deieren ze fidderen ass fir näischt.  Zum Escher Déierepark gehéiert och de Bamhauscafé, wou alles aus lokaler Produktioun kennt. De Bamhauscafé setzt op regional an/oder Bio-Produiten, egal op Jus oder Kuch. Wei den Numm et scho seet ass de Bamhauscafé ee Café an engem Bamhaus, wou een eng schéi Vue op den Déierepark huet.  Zousätzlech zum Bamhauscafé ginn et och dréi Bamhaiser, wou een iwwernuechte kann. D'Bamhaiser sinn an dréi verschidden Themen ageriicht a leien an de Beem direkt an der Natur beim Déierepark. Iwwernuechte kann ee mat 2-6 Persounen.  Den Escher Déierepark an d'Bamhaiser hunn den "Luxembourg Tourism Award 2021" gewonnen. Also lount et sech op alle Fall do eng Kéier kucken ze goen!

MORE FREE TIME IDEAS

Déierenpark

Go see the animals at Deierenpark, it's for free!

Gaalgebierg

The most important recreational area in Esch

Klouschtergaart

Cloister garden used by the municipality to preserve biodiversity