Nirvana Café
Artikel vun
Move
Krittäre
Vegetaresch oder vegan, Antigaspi

De Proprietär vum Nirvana ass en immens iwwerzeegten a passionéierte Veganer. Him ass d’Wuel vun den Déieren, awer och de Kampf géint de Klimawandel besonnesch wichteg. Virun 10 Joer huet en sech entscheet, e komplett veganen indesche Restaurant bei der Gare opzemaachen, fir sech nach méi fir seng Cause anzesetzen.
Eng vu sengen Initiativen ass et, fir vegaant Iessen accessibel ze maachen. Dofir kritt een als Schüler de Plat du Jour méi bëlleg, an och soss eng Reduktioun vu 15% op alle Platen.
Fir Iessensverschwendung z’evitéiere ginn ëmmer nëmme kleng Quantitéite vun de Platen virgekacht. Doduerch ass d’Iessen ëmmer frësch! Wann Owes nach Reschter sinn, ginn dës oft un Obdachloser verdeelt.
Ausserdeem kritt een eng Reduktioun wann een seng eege Këscht fir den Take-away matbréngt.
