naturwelten

Artikel vun

Move

krittäre

fair produced, organic or recycled materials 
ImageImage

Hues du dech schonn eng Kéier gefrot op deng Matrass an deng Decken nohalteg produzéiert goufen? Bei Naturwelten kritt een all déi Produiten ze kafen déi een zwar all Dag benotzt, mee iwwert déi een sech net onbedéngt vill Gedanke mécht. Si verkafe Bettgezei aus Naturfaser ewéi Kaméilwoll, Seid oder als planzlech Alternativ och aus Hanf. An hirem Katalog fënnt een zum Beispill Miwwelen aus Massivholz, well dat sech laang hält an een et liicht nei poléiere kann, falls et mat der Zäit e puer Téitsche kritt. Si maachen och Matrassen op Mooss, zum Beispill fir en aalt Kannerbett wat een nach doheem stoen huet.

Haaptsächlech ass Naturwelten e Bio a Fairtrade Bëbee- a Kannerkleederbuttek. Do ass hinnen de Gebrauch vun Naturfaser wei Bamwoll, Woll oder Léngent wichteg, well des Kleedung méi lëfteg a bequeem awer natierlech och méi nohalteg ass. Si evitéiere Faseren aus recycléiertem Plastik, notzen en awer bei Reemäntel oder Bullisboxen. Hir Auswiel un Kannerkleeder, -schung a -spillsaache streckt sech iwwert de ganze Faarwspektrum an all Alterskategorie bis 14 Joer.

MORE FASHION IDEAS

Devï

Faarweg upcycling Kleeder aus indesche Stoffer

Lena

Second Hand Shop an der Stad

Miss Bak

Natierleche Bodycare mat Afrikanesche Wuerzelen

Trouvailles

Secondhand Buttek mat grousser Auswiel an nidderege Präisser

Vintage Mo(o)d

Second-hand Buttek deen sech fir ee gudden Zweck asetzt.