Rucolino
Artikel vun
Move
Krittäre
Vegetaresch oder Vegan, Saisonal, Regional


Rucolino ass ee reng planzlech baséierte Restaurant zu Diddeleng. De Besëtzer hiert Haaptzil ass et, d’Leit dovunner z’iwwerzeegen dat eng vegan Kichen eng Vilfalt vu Goûten a lecker Platen ze bidden huet. Si versichen hire Restaurant esou ökologesch ewéi méiglech ze gestalten, zum Beispill mat engem lokale Menü, deen all 3 Méint geännert gëtt fir saisonal ze bléiwen an eng flott Ofwiesslung ze schafen. Wann s du scho laang no engem veganen Dessert glëschts, da bass du beim Rucolino genau richteg! Hire bekannten « Tiramigiu » ass super gutt an hire « Diogolate » ass souguer komplett Fairtrade.
