Weltbuttek


De Weltbuttek erméiglecht et engem d‘Welt mat allen Sënner ze genéissen, dat och ouni mussen de Fliger ze huelen. Esou fënnt een am Weltbuttek net nëmmen déi wonnerschéinst faarweg an exotesch Stoffer, Dekoartikelen oder Haushaltswuere fir dem eegenen Doheem de richtege Flair ze verpasse mee och allerlee Leckeres fir d‘Welt op den eegenen Teller ze bréngen, vu Schockela, iwwer Kaffi bis hin zu Räis oder Nuddelen an alles Fairtrade. Och Kleeder a Schmuck zielen zu de klenge Schätz déi et ze entdecke gëtt.
13,av.de la Libération Dudelange
95, rue de l'Alzette Esch/Alzette
25, rue des Capucins Luxembourg
