chiche!

ImageImage

Wat hunn sozial Inclusioun, Falafel an Up-Cycling Design mateneen ze dinn? Erstaunlech vill, wéi een am "Chiche!" um Lampertsbierg erliewe kann. Den Numm Chiche! kënnt natierlech vu Pois-Chiche (ltz. Käicher), dem wuel wichtegste Bestanddeel vun der libanesescher Kichen déi een am Chiche! a senger beschter Form genéisse kann. Op Hummus, Falafel oder Fatteh, de Käicher fënnt sech bal iwwerall op der Kaart, déi Veganer a Vegetarier genau esou vill Auswiel léist wéi Karnivoren. Nieft dem Käicher ass et awer och de Multikulturalismus deen sech am Chiche! wéi ee roude Fuedem duerchzitt, dëst an der Kichen, beim Service mee eben och beim Dekor. Am Chiche! huet een esou schnell d'Gefill et wär een an iergendenger Weltmetropol ënnerwee.

“Déi bescht falafel an der Stad”
– Étienne

MORE FOOD & DRINK IDEAS