Lët'z Refashion


Lët'z Refashion ass ee Buttek an der Uewerstad, deen sech der ethescher, nohalteger an zirkulärer Moud verschriwwen huet. Si bidden nohalteg Alternativen zu Fast Fashion, aus upgecycelter, gebrauchter a recycléierter Kleedung an Accessoiren. Lët'z Refashion ass awer net nëmmen ee Buttek, mee hei ginn et och Bitzworkshops an Ausstellungen, déi fir déi sozial an ekologesch Erausfuerderungen an der Textilindustrie sensibiliséiere sollen.
Eng vun hiren Zilgruppe si jonk a lokal Designer, fir eng Beweegung vu Changemaker ze schafen, déi d'Villfalt vun de Léisunge fir eng nohalteg Garderob notzen. Et gëtt wierklech vill Alternativen zur Fast Fashion, ugefaang bei der Verlängerung vun der Liewensdauer vu Kleedung duerch Upcycling, individuell Upassungen, Flécken, Reparéieren a villes méi. Bei Lët'z Refashion ginn och vill Technike geléiert, vum Bitze mat der Hand, iwwer d'Benotzung vun enger Néimaschinn bis hin zum Strécken, Heekelen a Stécken. All Freideg gëtt et hei ee Repair-Café, bei deem jidderee seng Kleeder mat Hëllef vun enger Néiesch ëmgestalten, reparéieren oder upasse kann.
De Buttek gëtt vun HUT - Hëllef um Terrain - geleed. D'Team vu Lët'z Refashion an d'Akteuren vun enger nohalteger an ethescher Moud erwaarden Iech an dësem Buttek voller Iwwerraschungen.
De Buttëk as op Dënschdes 11h-17h, Mëttwochs bis Freides 11h-18h a Samschdes 10-18h. Sonndes a Méindes ass zou.
MORE FASHION IDEAS
Devï
Colourful upcycled clothes made out of indian fabrics
Friendship Colours of the Chars
NGO from Bangladesh with a pop up store
Helsinki Concept Store
Nordic style meets circular fashion
J’adore Bio
Selected clean natural cosmetics
Lena
Second Hand Shop in the city
Lët’z Refashion
Pop-up store selling second-hand or upcycled clothing by regional designers
Miss Bak
Natural bodycare with African roots
Naturwelten
Organic and fair baby- and childrensclothes
Pardon my closet
Second hand store selling modern and fashionable clothes for women
The Modu Shop
Sustainable Fashion and local design
Trouvailles
Secondhand store with a big variety and low prices
Vintage Mo(o)d
Selected clean natural cosmetics