Reed - Plaisir végétal

2021 ass um Boulevard Royal e vegane Restaurant entstanen (deemols nach den "Snack in Joy"), deen d’Leit dovun iwwerzeege wëll, dass een net op alles wat ee gären huet verzichte muss, wann ee vegan lieft. Op hirer Kaart fënnt een déi traditionell Platen aus Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner: Lëtzebuergesch Bouchée à la Reine, däitsch Currywurscht, belsch Bouletten a villes méi. Reed ass et wichteg de Goût vun deem wat ee kennt bäizebehalen, mee eben vegan! De Proprietär well d’Virdeeler vun enger veganen Ernährung souwuel fir seng eege Gesondheet, wéi och fir eise Planéit weiderginn.
