onda
Artikel vun
krittäre
ethesch, vegan od. vegetaresch
Onda ass de perfekte Coffeeshop fir einfach mol ofzeschalten an de Moment ze genéissen. Kaffi, Kuch a Bicher, et ass alles do wat ee brauch! Onda soll e Beispill dofir sinn, dass vegan a gesond Kichen och mega lecker ka sinn. Si probéieren esou gutt ewéi méiglech lokal a saisonal Produite vu Lëtzebuerger Baueren ze benotzen. Dobäi entscheeden si sech ëmmer fir déi héichwäertegsten Ingrediente wéi zum Beispill “specialty coffee”.
E groussen Dësch mat méi wéi 8 Plaze bitt déi perfekt Plaz fir ze poteren a nei Leit kennenzeléieren. Do ginn och reegelméisseg Workshops vu Privatpersounen organiséiert wéi zu Beispill Mol-, Schreif- oder Kachatelieren.
Fir Leit mat enger änlecher Astellung ze ënnerstëtze ginn op enger klenger rosa Etagère Produite vun anere sozialen Organisatioune verkaf.
MORE FOOD & DRINK IDEAS
Beet / Seed
Veganen Restaurant direkt um Knuedler
Café um Eck
Gutt Bicher, gutt Iessen, wat wëlls de méi?
Chiche!
Inclusioun + Falafel + Up-Cycling = Chiche!
Escher Kafé
Méi wéi just ee Café: Bowling, Bike repair a Konscht-Expo.
Glow
Perfekt fir vegan ze frühstücken, ze brunchen an ze lunchen
Green Olive
Gehäerzt orientalesch Platen
Intense Coffee
Eng Wohlfühloase voll mat Planzen, specialty Coffee a vegane Snacks
Kaf Lokal
Klenge Bistro an Marché mat lokal produzéierte Liewensmëttel
Le Bovary
Gutt Iessen trëfft op Kultur
Lokaal
Coworking a vegaant Iesse ganz easy kombinéiert
Mesa, la Maison de la Transition
D'Mesa ass villes Epicerie, Restaurant an Treffpunkt
Nirvana Café
Finest vegan indian dishes and buffet
Oekosoph
100% Bio-Restaurant am Pafendall
Onda
De vegane Geheimtipp an der Stad fir Kaffi a Snacks
Ready Coffeeshop
Gudde Kaffi a lecker Sandwichen
Reed – Plaisir végétal
Vegan Variante vun häerzhaftem Fastfood an traditionelle Platen
Rucolino
Vegaant Iessen an der Diddelenger Minettmetropole
TarteFineBio
Bio-Bäckerei a Patisserie
Weltbuttek
Ronderëm d'Welt reesen ouni Lëtzebuerg ze verloossen