Kapenaker Blooms
ArtiKEL VUn
move.
KritTäre
Nohaltegen Haff, Slowflower Konzept


Kapenaker Blooms ass e Slowflower Blummenhaff zu Kapenaker, Wuermer. De Gedanken hannert der Slowflower Beweegung ass et, d’Blummenindustrie méi regional, saisonal an nohalteg ze gestalten, d.h. Blumme fräi vu Pestiziden ze verkafen.
Bei Kapenaker Blooms kann een z.B. Bouquete bestellen an op hirem Point de collecte zu Jonglënster siche kommen, et kann een awer och bei hire Workshops matmaachen, déi si ubidden. Kapenaker Blooms kann een ausserdeem fir Eventer a Fester, wéi zB. Hochzäiten, buchen.
Well just eng Persoun hannert der Initiative stécht, kann een sech all Dënschdes ab 18h00 fräiwëlleg melle fir eng Hand mat unzepaken a Blummen ze schneiden, wou een dann och déi eng oder aner Blumm mat heem huele kann.
