Pardon my closet


Direkt hannert dem Hamilius fënnt een an der Aldringer Strooss de Pop-up “Pardon my closet”. Et ass e klenge minimalistesche Second-hand Shop dee modern an ugesot Stécker ubitt. D’Kleeder sinn der Faarf no sortéiert an an der Mëtt steet en Dëschelche mat e puer Bijouen, Bicher a Schong. Et kann een hinnen seng eege Kleeder vun Dënschdeg bis Freideg direkt am Buttek ofginn. Falls d’Stéck no 2 Méint net verkaf ass, kritt de Client et zeréck oder et gëtt gespent. Sou erneiert sech d’Sortiment stänneg an et lount sech reegelméisseg laanscht luussen ze goen.
Auerzäiten: Dënschdes bis Samschdes vun 11:00-19:00 Auer
