J'adore bio
Artikel vun
Move
krittäre
biologesch, net un Déieren getest, vegan


Ween vu Mainstreamkosmetik op Naturkosmetik wiessele wëll, ass bei J’adore Bio genau richteg. Am Buttek fënnt een eng Selektioun vun de beschten natierleche Produiten aus der ganzer Welt. Et ass der Proprietärin wichteg, dass et kee Qualitéitsënnerscheed zu der gängeger Kosmetik gëtt. Éier e neien Artikel an de Buttek kennt, gëtt all eenzelen Inhaltsstoff kontrolléiert. Sie hunn eng “black list” vun Ingredienten déi a kenge vun hire Produiten dra sinn, well se schiedlech fir de Kierper kenne sinn. J’adore Bio schafft och mat immens klenge Produzenten zesummen, déi sech de BIO Label net leeschte kennen, soudass net all Produit als Bio gekennzeechent ass. D’Majoritéit vun hire Wueren ass vegan, mee si akzeptéiere Beiewuess, héichwäertege Lanolin a Carmin.
