kulturfabrik

Artikel vun

Move

krittäre

Lokalen Kultur-Hotspot

ImageImage

D'Escher Kulturfabrik ass bal besser ënnert der Ofkierzung Kufa bekannt wéi ënnert hirem richtegen Numm an ass net just zu Esch eng richteg Institutioun. D'Bekanntheet vun der Kufa ass virun allem der Diversitéit vum ugebuedene Kulturprogramm ze verdanken. Vum Festival iwwert d'Clown-Konscht iwwer Flamenco-Festival oder Liesowender mat lokalen Auteure bis hin zur Roller-Disco et ass fir all Geschmaach eppes derbäi. D'Kufa déi fréier mol d'Schluechthaus vun Esch war huet mat senger Fabrick-Optiker een urbane Flair an ënnert sengem Daach fannen sech nieft Veranstaltungsräim och eng Brasserie, de bekannte Café "Ratelach", ee klénge Kino mat 72 Platzen, eng Galerie a Proufräim fir Museker. D'Kufa ass awer net just eng Plaatz mee och een aktiven Acteur am Kulturberäich a suergt mat hirem Projet "Kufa's Urban Art" fir ee méi faarwegt a flott Stadbild vun Esch dëst mat mëttlerweil iwwer 50 Wierker. An mat hirer dräijäreger Kënschtlerresidenz ënnerstëtzt d'Kufa jonk lokal Kënschtler an hëlleft esou eng lieweg Konschtszene zu Lëtzebuerg ze erhalen.

MORE CULTURE IDEAS

Rotondes

One of the cultural hotspots in Luxembourg