Devï
Devï ass net nëmmen e Kleederbuttek, mee eng Beweegung an der Kleederindustrie. D’Grënnerin vun Devï huet 2018 en Praktikum beim Projet “Saheli women” an Indien gemaach. Des a.s.b.l. wollt duerch d’Produktioun vun ethesche Kleeder engem klengen Duerf finanziell hëllefen. A Collaboratioun mat dëser Organisatioun gouf dann Devï mat der Iddi “Upcycled clothes with a story” (Geupcycelt Kleeder mat enger Geschicht) gegrënnt. D’Kleeder gi vu klenge Familjenbetrieber oder sozialen Entreprisen ugefäerdegt, déi d’Besëtzerin och perséinlech kennt an eng Kéier am Joer besiche geet. Wann een e Kleedungsstéck keeft kritt een eng Käertchen dobäi mat de Gesiichter an der Geschicht vun deene Leit déi et gemaach hunn. Am Buttek direkt hannert der Kees gesäit een se all beieneen op enger Wall of Fame.
Fir d’Kleedungsstécker ginn al Sarien (traditionell laang indesch Räck) oder Stoffiwwerreschter benotzt, wouduerch all Stéck eenzegaarteg ass. Déi meeschte Kleeder sinn aus Seid, et ginn der awer och puer aus Viskos oder Suzani, en decke Bamwoll Stoff deen op der Hand bestéckt an dann oft als Wandteppech benotzt gëtt. Den Design vun de Kleeder ass u sech westlech, kritt awer natierlech duerch déi indesch Stoffer eng Verbindung zu dëser Kultur.
Och d’Thema Zero Waste ass Devï wichteg. Dofir ginn déi kleng Stofffatzen nach fir Patchworkposchen, Scrunchies oder Säckelcher verwäert.
MORE FASHION IDEAS
Akabo Fair Fashion
Fair Fashion pioneer with a huge choice
Devï
Colourful upcycled clothes made out of indian fabrics
Helsinki Concept Store
Nordic style meets circular fashion
J’adore Bio
Selected clean natural cosmetics
Lena
Second Hand Shop in the city
Lët’z Refashion
Pop-up store selling second-hand or upcycled clothing by regional designers
Miss Bak
Natural bodycare with African roots
Naturwelten
Organic and fair baby- and childrensclothes
Pardon my closet
Second hand store selling modern and fashionable clothes for women
The Modu Shop
Sustainable Fashion and local design
Trouvailles
Secondhand store with a big variety and low prices