Maison de la transition

Artikel vun

Move

Krittäre

vegetaresch an/oder vegan

ImageImage

D'Mesa, och genannt "d'Haus vun der Transitioun", zu Esch ass ee Restaurant a Café mat ville Facetten. Niewent hire leckere Moolzechten, kann een hei och eng flott kléng Epicerie fannen. Déi funktionéiert haaptsächlech ouni Verpackungen; dat heescht denkt drun eidel Behälter an Tute matzebréngen, wann dir hei vun de gudde biologeschen a lokale Produite profitéiere wëllt! Ausserdeem organiséiert d'Mesa oft Konferenzen zu interessanten Themen, souwéi Projektioune vu Filmer, Lecturen oder Atelieren op déi all Bierger häerzlech invitéiert sinn. Et kann een sech einfach op Facebook fir dës Eventer umellen. Natierlech kann een hei awer och un engem rouegen Nomëtten en Stéck Kuch iessen an en Kaffi drénke kommen.

MORE FOOD & DRINK IDEAS