Friendship
colours of the chars
Artikel vun
Move.
Krittären


Friendship Colours of the Chars ass een eenzegaartege Buttek am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg, an deem handgemaache Produiten aus Bangladesch verkaaft ginn. Dat geet vu Foularden, Këssenhoussen an Dëschnappë bis hin zu Accessoirë wéi Poschen, Bijouen a souguer Kleeder.
Friendship ass eng ONG aus Bangladesch, mat enger Visioun vun enger Welt, an der Mënschen, virun allem déi schwéier erreechbar, déi selwecht Chancen op e Liewen a Würd an Hoffnung hunn.
Et ass schonn déi 5. Plaz, wou sech e Buttek vu Friendship an der Stad Lëtzebuerg befënnt.
Doduerch dass si hier Plaz reegelméisseg wiessele mussen, gesi si sech, genau wéi déi vu Friendship betreite Gemeinschaften, déi dacks opgrond vu Klimaschwankunge gezwonge sinn, ze plënneren, och wéi Nomaden.
Si hunn hier Auswiel u Produite mat der Zäit ëmmer méi vergréissert.
D‘Wiewerinnen, déi des Artikele stécken, gehéieren zu de gefäerdete Gemeinschaften am Norde
vu Bangladesch. Den Erfolleg vun dësem Geschäft erméiglecht et, méi Fraen an hire Wiewereien auszebilden, soudass se méi produzéieren an nei Fäegkeeten entwéckele kënnen.
