Helsinki Concept store

Artikel vun

Fashion Revolution Luxembourg

Krittäre

Second-Hand

ImageImage
Helsinki ass ee Concept Store mat Schwéierpunkt op nordeschem Stil. Déi a Finnland gebueren an opgewuesse Proprietärin stellt iech minimalistesch Outfits an nohalteg Beauty-Marke vir an erklärt iech mat vill Energie firwat Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft an der Moud wichteg sinn. Helsinki ass ee vun den éischte Butteker, deen een "take-back"- System agefouert huet: wann dir Kleedung an de Buttek bréngt, déi dir net méi braucht, da kritt dir eng Remise. Ganz zentral geleeën, net wäit vum Hamilius, fannt dir hei Produiten, déi anescht, modern a mat enger bewosster Geschicht sinn. Am Buttek ginn och lokal nohalteg Marken an Designer:innen virgestallt, an heiansdo ginn hei och Kleedertauschaktiounen oder aner Eventer organiséiert.

“The right mix of clean beauty, sustainable fashion and conscious house items with a Nordic touch ”
– stylianee

MORE FASHION IDEAS

Devï

Faarweg upcycling Kleeder aus indesche Stoffer

Lena

Second Hand Shop an der Stad

Miss Bak

Natierleche Bodycare mat Afrikanesche Wuerzelen

Trouvailles

Secondhand Buttek mat grousser Auswiel an nidderege Präisser

Vintage Mo(o)d

Second-hand Buttek deen sech fir ee gudden Zweck asetzt.