CID Library
Artikel vun
krittäre
critical thinking, learning about the world
D'CID Fraen a Gender Bibliothéik läit verstoppt an der Stad. Bei enger klenger Dier drécks du op Schell a gees erop op den 2. Stack wou s du d'Bibliothéik fënns an der méi wéi 20.000 Bicher stinn zu den Theme Feminismus, Gender a Gläichberechtegung tëschent Fraen a Männer. De CID huet sech als Aufgab geholl, d'Wierker vun de Fraen déi en Afloss op eis Welt hannerlooss hunn, se sammelen. Looss dech dofir vun de Frae beandrocken di Geschicht geschriwwen hunn an de Beräicher Politik, Kultur, Naturwëssenschaften a nach villes méi, vun deenen een an eiser Gesellschaft oft ze wéineg héiert. Doriwwer eraus, gëtt et Bicher déi Gewalt u Fraen thematiséieren an d'mental a kierperlech Gesondheet uschwätzen. E groussen Deel un Belletristik ass och ze fannen an et kann en och Musek vu weiblech Artisten ausléinen aus der Mediathéik.
MORE CULTURE IDEAS
Oekobib Library
Op Nohaltegkeets-Theme spezialiséiert Bibliothéik
CITIM Library
Op Literatur aus an iwwert de globale Süde spezialiséiert Bibliothéik
CID Library
Op Gender-Theme spezialiséiert Bibliothéik
Rotondes
Kulturellen Hotspot bei der Gare
Am Gronn
Kreative Co-Working Space mat Bistro
Cinémathèque
Wichtegst Platz fir all Cineast zu Lëtzebuerg





