move.

Artikel vun

Move

krittäre

Aktivismus fir eng besser Welt

ImageImage
move. ass ee Jugendgrupp deen sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asetzt. D'Zil ass datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Themeberäicher vu move. sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen: Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi bei move. behandelt ginn. Wat move. ausmëscht ass ee flotte Grupp, wou jiddereen d'Méiglechkeet huet sech anzebréngen, zesumme verschidde Projeten ëmzesetzen a gemeinsam Ziler verfollegen. Dëse Site ass ee vun de verschiddene move.-Projeten a wéist wéi aus enger vager Iddi duerch d'Zesummenaarbecht vu ville Jonken een erfollegräiche Projet ka ginn. Dofir kuck och du eng Kéier Donneschdegowend bei enger move.Versammlung laanscht a bréng den Iddien an oder hëllef Projeten zum Ofschloss ze bréngen. Méi vun move. fënns de op eisem Site, Facebook oder Instagram a lauschter och gär eng Kéier bei eisem Podcast "fënnefopzwielef" op Spotify eran!

Et ass jidderengem seng Responsabilitéit sech fir eng besser Welt anzesetzen an dat mëscht och richteg Spass wann een en coolen Grupp huet.
– Lynn

MORE ACTIVISM IDEAS

Facilitec

Den Facilitec ass bitt dir alles wat s du brauchs fir een néien Projet ze starten

Hariko

Jonker, Kënschtler a jonk Kënschtler

move.

Engagéierte Jugendgrupp mat spannende Projete ronderëm d'Thema Nohaltegkeet

ProVelo

Déi Organisatioun, déi sech fir de Velo zu Lëtzebuerg staark mécht

Radio ARA

Den eenzege Community-Radio zu Lëtzebuerg