Image

Iess gutt: Restauranten, Kaffien & Liewensmëttelgeschäfter, déi biologesch, regional, saisonal an fair gehandelt Produiten, esou wéi vegan a vegetaresch Alternativen ubidden an och d’Thema Zero-Waste eescht huelen.

All d'Artikelen

Chiche!

Inclusioun + Falafel + Up-Cycling = Chiche!

Escher Kafé

Méi wéi just ee Café: Bowling, Bike repair a Konscht-Expo.

Image

Erweider däin Horizont: Ënnerstëtz lokal Kënschtler, entdeck onkonventionell Iddien a fann zertifiéiert Green Events.

All d'Artikelen

Kamellebuttek

Konschtgalerie vu lokale Kënschtler déi och Course fir Jonker ubidden

Image

Eng Alternativ zu Fast Fashion: Fann di bescht Second-Hand Kleedung, nohalteg a fair Fashion a vegan Kosmetik.

All d'Artikelen

Trouvailles

Secondhand Buttek mat grousser Auswiel an nidderege Präisser

Image

Engagéier dech: Entdeck Organisatiounen, wou s de Leit fënns mat deenen du d'Welt positiv verännere kanns, a genéiss eng flott Zäit mat Gläichgesënnten.

All d'Artikelen

ProVelo

Déi Organisatioun, déi sech fir de Velo zu Lëtzebuerg staark mécht

Hariko

Jonker, Kënschtler a jonk Kënschtler

Facilitec

Den Facilitec ass bitt dir alles wat s du brauchs fir een néien Projet ze starten

Image

Genéiss deng Zäit: Eis ganz perséinlech Lieblingsplatze wou een d'Schéinheet vu Lëtzebuerg ze ka genéissen ouni musse Suen auszeginn.

All d'Artikelen

Déierenpark

Géi besich d'Déieren am Escher Déierepark, et ass gratis!

Image

move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique, deen sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asetzt. D'Zil ass datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Themeberäicher vu move. sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen: Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi bei move. behandelt ginn. Wat move. ausmëscht ass ee flotte Grupp, wou jiddereen d'Méiglechkeet huet sech anzebréngen, zesumme verschidde Projeten ëmzesetzen a gemeinsam Ziler verfollegen.


Méi Info


Image

Address
6, rue Vauban / L-2663 Luxembourg


Tel
(+352) 439030-32


Op der Sich no engem neien Challenge?

Da maach mat beim move.approved Rallye!

Egal ob s du schonn alleguerten déi nohalteg Spots zu Lëtzebuerg kenns oder se grad eréicht entdecke wäerts: Huel dir deng move.approved Stempelkaart a sammel Stempelen andeems du op d'Mannst op 10 vun den Adressen aus dem move.approved laanscht gees!
Jiddereen:t ka beim Rallye matmaachen, dee bis zum Enn vum Joer geet. Déi voll Stempelkaart kanns du entweder am Oekozenter Pafendall oder bei enger vun de Plazen aus dem move.approved ofginn. Mat e bëssi Chance kanns du ee vu ville flotte Präisser gewannen:

Deng eege Stempelkaart kriss du am Oekozenter Pafendall oder bei (bal) all den Adressen aus dem move.approved Guide!
Du hues nach Froen? Da schreif eis: [email protected] oder move.meco (Instagram)

Image