glow

Artikel vun

Move

krittäre

Vegan, Bio a Zero Waste
ImageImage

Glow ass déi perfekte Platz fir vegan ze frühstücken, ze brunchen an ze lunchen. Mir fannen, fir d'Moiesiessen ass ee bei Glow extra gutt opgehuewen. Si hunn e grousse Choix un vegane Bowls, verkafen awer och Séisses wéi Paangecher mat Friichten oder Gebäck. Mëttes hunn si ëmmer eng Zopp, eng Zalot an en waarme Plat op hirer Kaart, déi all Dag wiesselen. D’Ziel ass, fir de Leit eng gesond a variéiert vegan Kichen ze bidden. Fir ze drénke kritt ee Kaffi, Jus, Shakes an Téi.

D’Majoritéit vun hiren Ingredienten ass Bio, zumols déi dréche Produiten ewéi Haferflocken oder Miel. Béi deene Saachen, déi net aus der Regioun komme passe si op d’Fairtrade Label op.

Wann et eng Kéier séier goe muss, kann ee säi Kaffi an engem weiderverwendbare Luluup Becher mat Pfand kafen oder säin eegene Becher mathuelen an sech 5% Rabatt ergatteren.

MORE FOOD & DRINK IDEAS

Chiche!

Inclusioun + Falafel + Up-Cycling = Chiche!

Escher Kafé

Méi wéi just ee Café: Bowling, Bike repair a Konscht-Expo.

Glow

Perfekt fir vegan ze frühstücken, ze brunchen an ze lunchen

Intense Coffee

Eng Wohlfühloase voll mat Planzen, specialty Coffee a vegane Snacks

Kaf Lokal

Klenge Bistro an Marché mat lokal produzéierte Liewensmëttel

Lokaal

Coworking a vegaant Iesse ganz easy kombinéiert

Oekosoph

100% Bio-Restaurant am Pafendall

Onda

De vegane Geheimtipp an der Stad fir Kaffi a Snacks

Rucolino

Vegaant Iessen an der Diddelenger Minettmetropole

Snack in Joy

Vegan Variante vun häerzhaftem Fastfood an traditionelle Platen

Weltbuttek

Ronderëm d'Welt reesen ouni Lëtzebuerg ze verloossen