escher Kafé

Artikel vun

Move

Krittäre

vegetaresch & sozial

ImageImage

Den Numm vun dësem gemittleche Café faasst et eigentlech scho gutt zesummen; hei kann een an enger vun de schéinste Stroossen zu Esch relax owes en Béier drénken an eng Tarte flambée oder Kniddelen (mat Speck oder vegetaresch) iessen. Bannen ass eng relax Atmosphär mat Spiller a Bicher déi engem op der Platz zur Verfügung gestallt gi. Oft fënnt een hei un de Maueren och Fändele mam Reebou drop, soudass ee weess dass et sech hei em en Safe Space fir LGBTIQ+ Leit handelt. De Café huet souguer eng Keelebunn, déi een am viraus reservéiere kann. Dobäi kennt, dass den Escher Kafé sech engagéiert fir d'Integratioun vu gehierlos Mënschen andeems sinn heiansdo Coursë fir Zeechesprooch ubidden an och Flyere mat einfachen Handzeechen drop verdeelen. Et kennt och mol vir, dass de Kafé kléng Concerte vun authenteschen, lokale Museker organiséiert.

 



MORE FOOD & DRINK IDEAS