De Kolibri

Artikel vun

Move

KRITTÄREN

regional Produktioun, fair trade, lokal Kënschtler:innen

ImageImage

D’Myriam Bouvy, Proprietärin vun "de Kolibri" ass keen neit Gesiicht am Commerce vu Second-Hand Bicher. Si huet sech awer, nodeems d’Gemeng Steesel no engem “Tiers Lieu” gesicht huet, getraut de Schratt ze woen an hiren eegene Shop opzemaachen. Konkreet heescht „Tiers Lieu“ eng Plaz fir nei Léit kennenzeléieren. Dowéinst sollen divers Gesellschaftsspiller zur Verfügung stoen an Ausstellungen a Workshops, déi vu bis goe kënnen, organiséiert ginn. Ee richtegt Poterhaus also. Wat mat deem sozialen Aspekt Hand an Hand goe soll, ass dem Kolibri säi Café, deen ënnert anerem faitrade bio Kaffi a Kuch mat geschwënn och veganen a glutefräien Alternativen ubitt.

D'Zil vum Kolibri ass et och, Lëtzebuerger Kënschtler:innen an Initiative Siichtbarkeet ze verschafen. Sou fënnt een hei nieft de scho genannte Second Hand Bicher an dem Iessen déi verschiddenst Artikelen. Vun Deko aus Blummen a Glas, iwwer Material fir Zero Waste doheem ze praktizéiere bis hin zu Kleeder, Kosmetik a Bijou’en.

All d'Saachen am Kolibri gi mat strenge Krittären ausgesicht, soudass ee suergefräi do akafe kann.



MEI KULTURELL IDDIEN

CID Library

Op Gender-Theme spezialiséiert Bibliothéik

CITIM Library

Op Literatur aus an iwwert de globale Süde spezialiséiert Bibliothéik

De Kolibri

E Steeseler Buttek mat Konscht, lokale Produiten, Workshops a villem méi

Kamellebuttek

Konschtgalerie vu lokale Kënschtler déi och Course fir Jonker ubidden

Rotondes

Kulturellen Hotspot bei der Gare