café um Eck


An der Librairie Diderich, net wäit vum Zentrum vun Esch, fënnt een net nëmme vill flott Bicher mee och ee gemittleche Café "Um Eck". Hir Snacks a Plat'en sinn haaptsächlech hausgemaach an et gëtt och eng Auswiel u veganen a bio Produiten, fir dass jiddereen:t eppes guddes z'Iesse fënnt: eng waarm Zopp am Wanter, verschidde Mëtschen, Brout mat hausmaacher Gebeess, faarweg Zaloten a villes méi. De Café ass mat vill Léift ageriicht an et ass definitiv der Wäert eemol laanscht ze goen - sief dat fir eppes Guddes ze iessen oder sech en interessant Buch unzekucken.
