Vintage mo(o)d
Artikel vun
ADRESS
18, Rue Geespelt Livange
krittäre
second-hand


De Vintage Mo(o)d ass e Second Hand Buttek, deen 2016 vun der Lëtzebuerger Rout Kräiz an d’Liewe geruff ginn ass. Hei fënnt een souwuel Kleeder, wéi och Porzeläi, Dekoratioun, Spiller an all méiglech Utensilie fir den Alldag. Den Erléis vum Buttek gëtt dofir genotzt, fir nach méi gezilt déi Leit ze ënnerstëtzen, déi sech et net leeschte kënnen Kleeder ze kafen. Well bei de Kleederspenden net alleguerten d’Kleedergréissten d’nämlecht oft dobäi sinn, an och vill méi Fraen- ewéi Männerkleeder erakommen, kann d’Lëtzebuerger Rout Kräiz esou nach déi Kleeder kaafen, déi gebraucht ginn.
Wichteg ze verhalen ass, datt wann ee bei VintageMo(o)d akafe geet, een sech sécher si kann, dat ee fir all Artikel net nëmmen sech, mee och eng Persoun am Besoin frou mécht.
