Oekosoph

Article by

Move

CRITERIA

Bio, Vegetaresch a Vegan & Regional

ImageImage

Den Oekosoph ass eng Brasserie déi wonnerbar idyllesch am Pafendall direkt bei der Uelzecht läit, a ganz besonnesch am Summer gëtt et wéineg Platze wou een esou roueg a matzen am Grénge sëtze ka wéi op der Terrasse vum Oekosoph. Bei engem gudde Béier (selbstverständlech bio) an enger vum Lou senge Lëtzebuergeschen oder internationale Spezialitéiten (ahjo och déi sinn alleguer bio) léist sech d'Zäit gutt erëmkréien. Mee net just d'Tatsaach, dass alles op der Kaart Bio ass, hieft den Oekosoph besonnesch ervir, mee och dem Lou seng grouss Motivatioun fir ëmmer néi vegetaresch a vegan Kreatiounen ze entwerfen. An fir all déi déi gär ee gutt Stéck Fleesch hätten, ass den Oekosoph och bekannt fir säi Wëld aus de lëtzebuergesche Bëscher.

“Dem Lou seng Kniddele sinn een absolutte Genoss!”
– Étienne

MORE FOOD & DRINK IDEAS

Chiche!

Inclusioun + Falafel + Up-Cycling = Chiche!

Escher Kafé

Méi wéi just ee Café: Bowling, Bike repair a Konscht-Expo.

Glow

Perfekt fir vegan ze frühstücken, ze brunchen an ze lunchen

Intense Coffee

Eng Wohlfühloase voll mat Planzen, specialty Coffee a vegane Snacks

Kaf Lokal

Klenge Bistro an Marché mat lokal produzéierte Liewensmëttel

Lokaal

Coworking a vegaant Iesse ganz easy kombinéiert

Oekosoph

100% Bio-Restaurant am Pafendall

Onda

De vegane Geheimtipp an der Stad fir Kaffi a Snacks

Rucolino

Vegaant Iessen an der Diddelenger Minettmetropole

Snack in Joy

Vegan Variante vun häerzhaftem Fastfood an traditionelle Platen

Weltbuttek

Ronderëm d'Welt reesen ouni Lëtzebuerg ze verloossen