Corniche

ArtiKEL VUN

Move

KRITTÄRE

Schéi Plaz

Image
Wann een am Summer sou wéi awer och am déiwe Wanter einfach mol wëllt an der Staat trëppele goen, awer keng Loscht huet ob Geschäfter, bebaute Fläschen, Héichhaiser a sténkeg Ofgaser, dann ass d'Corniche the place to be. Hire witzegen Numm huet tatsächlech näischt mat Kornischongen ze dinn, mee ass aus dem Franséischen iwwersat en Wee laanscht de Festungsmaueren. Des Panorama-Tour ass international als den "schéinste Balcon vun Europa" ugesinn, a gëtt eng herrlech Vue op den Uelzecht-Dall an ënner anerem ob de Staddeel Gronn fräi. Dëst ass eng immens schéin Aussicht an och dowéinst Aushängeschëld fir d'Staat Lëtzebuerg. En Picknick oder einfach nëmmen en Spadséiergang ob der Corniche déi anengems um Wenzelwee läit ass Moment eng gutt Iddie fir de Kapp fräi ze kréien an einfach nëmmen d'Vue ob de wonnerschéine Gronn ze genéissen.

MORE FREE TIME IDEAS

Corniche

De schéinste Balcon an Europa

Déierenpark

Géi besich d'Déieren am Escher Déierepark, et ass gratis!