Klouschtergaart
ArtiKEL VUN
Move
kRITTÄRE
Schéi Platz, Schutz vun der Biodiversitéit
De Klouschtergaart am Gronn ass d'Doheem vun enger ganzer Rei heemesch Planzenaarten, mam Zil si kennen erëm an eist Ökosystem anzeféieren op Platze wou se verschwonne sinn. Mee net nëmme Planze villen sech besonnesch wuel um Fouss vum Bockfiels, just niewendrun ass d’Abtei Neumünster déi ëmmer erëm, zum Deel gratis, Ausstellungen a Concerten ubitt. Donieft fléisst och eis léif Péitruss déi, virun allem am Summer vill gemittlech Platze fir ze picknicken an ze chille bitt. Eng top Alternativ fir déi, deenen d’Kinnekswiss mol ee bëssen ze voll gëtt oder gären d’Féiss an d’Waasser zappen wëllen.
