Kaf Lokal
Artikel vun
Move
krittäre
vegetaresch an vegan / lokal produzéiert


Am Escher Buttek KAF LOKAL sinn d'Produite wéi den Numm scho seet lokal. An dat Wuert gëtt och ganz eescht geholl, wëll vill Zutaten fir déi typesch Lëtzebuerger Plat'en kommen aus dem Escher Geméisguart, dee genee wéi d'Geschäft vum Escher „Centre d’initiative et de gestion local“ (CIGL) bedriwwe gëtt.
An de Regaler vum Kaf Lokal fannen d'Clientë Wäin, Gin, Nuddelen, Kaffi a vill aner Produiten, déi nohalteg sinn an zu Lëtzebuerg vu kléngen Entreprisë produzéiert.
