iessen & Drénken


D’Ernierung ass deen zentralen Thema, wann ee wëll méi maache fir eis Biodiversitéit, de Klimaschutz an den Déiereschutz. Dofir stelle mir Plaze vir, wou sech beméit gëtt, ëmmer méi biologesch Produiten ze notzen oder wéinstens regionaler, déi drop oppassen, datt d’Saisonen respektéiert ginn a Fairtrade Produiten ubidden. Wichteg ass eis awer och Platzen ze weisen déi eng villfälteg vegan oder vegetaresch Auswiel ubidden. Genau esou wichteg wat op den Dësch kënnt, ass awer natierlech och wat dono an der Poubelle lant, dofir ënnerstëtze mir och virbildlech Handlungen an de Beräicher Antigaspi an Zero Waste.

Chiche!

Inclusioun + Falafel + Up-Cycling = Chiche!

Escher Kafé

Méi wéi just ee Café: Bowling, Bike repair a Konscht-Expo.

Glow

Perfekt fir vegan ze frühstücken, ze brunchen an ze lunchen

Intense Coffee

Eng Wohlfühloase voll mat Planzen, specialty Coffee a vegane Snacks

Kaf Lokal

Klenge Bistro an Marché mat lokal produzéierte Liewensmëttel

Lokaal

Coworking a vegaant Iesse ganz easy kombinéiert

Oekosoph

100% Bio-Restaurant am Pafendall

Onda

De vegane Geheimtipp an der Stad fir Kaffi a Snacks

Rucolino

Vegaant Iessen an der Diddelenger Minettmetropole

Snack in Joy

Vegan Variante vun häerzhaftem Fastfood an traditionelle Platen

Weltbuttek

Ronderëm d'Welt reesen ouni Lëtzebuerg ze verloossen