Cinémathèque

D'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg ass net just ee klenge charmante Kino den Independentfilmer a gutt al Klassiker wéist. D'Cinemathéik widmet sech dem Erhalt an der Wäertschätzung vum internationale Filmierwen an organiséiert vill Sonderveranstaltungen zur sougenannte „siwent Konscht“: Filmkonferenzen, Round-Table-Gespréicher, op ee jonkt Publikum zougeschnidde Projeten, Aktivitéite fir eeler Léit, Filmkonzerten a Festivals.
“All Kéiers wann d'Luuchten ausginn, de Projekter ugeet an de Film ufänkt fillen ech d'Magie vun der Cinemathéik.”
– Damir
